Tauscht är Spillsachen géint Jetonen déi dir op der Kiermes bei de Spiller kënnt aléisen. An Zesummenaarbescht mat: “Fraen a Mammen Cliärref” an dem “Jugendtreff Norden”.
D’Spillsaache gi gespend un “Île aux Clowns”.
Mer freeën eis iwwer Spillsaachen ewéi Gesellschaftsspiller, Poppen, Petzien, … Ausgeschloss sinn: Kaartespiller, Werbekaddoën, Sammelfiguren, Figuren aus der Kinderüberraschung, eenzel kleng Elementer vun engem ganze Set wéi z.B. nëmmen 1 Produkt fir an e Spillbuttek, et sollt schon e ganze Set sinn, …
Mir behalen eis d’Recht zréck op der Plaz selwer Spillsachen ze refuséieren.
Pro Spillsach gëtt et 1 Jeton am Wäert vun 1€
Organisatioun: ID Communication am Optrag vun der Gemeng Cliärref an Zesummenaarbecht mat de lokalen Akteuren.
©2023 | Mentions Légales